HOCHTIEF ass Lëtzebuerger a Weltbierger an engems.

Eis Verankerung hei am Land huet sech iwwer méi wéi en halleft Jorhonnert kënne festegen. Dat bréngt Iech entscheedend Virdeeler. Lëtzebuerg huet zwee Gesiichter: en traditionellt, dat vu lokaler Identitéit geprägt ass, an en internationaalt, dat sech europawäit duerch seng Dynamik auszeechent. Eis Firmestruktur an eist Denke spigele béid Gesiichter iwwerzeegend erëm.

Lokal an international Stäerkt als duebel Kraaft fir den Erfolleg vun Ärem Projet. Eis lokal Struktur erlaabt eis, ëmmer no beim Client ze sinn. Als international erfollegräichen Déngschtleeschtungsbetrib an der Baubranche kënne mir en héijen Niveau u Sécherheet a Kompetenz bidden. Dës besonnesch Positioun féiert zu besonnesche Chancë fir Iech. D'Corporate-Governance-Kriterie vum HOCHTIEF-Konzern sinn international unerkannt a garantéieren Iech Fairness an Integritéit vun eiser Säit, an zwar an allem, wat mir maachen.

Ee Partner vum Start bis an d'Zil.

Mir leeë Wäert op e fréie Gedankenaustausch mat Iech – op Wonsch a fënnef Sproochen. D'Erfahrung an d'Fachwësse vun eise Mataarbechter zesumme mat den Knowhow-Ressourcë vum HOCHTIEF-Konzern bidden Iech bal onbegrenzte Méiglechkeeten. Mir liwweren Iech State-of-the-Art-Léisunge fir d'Finanzéierung, d'Planung an d'Realisatioun, alles aus enger Hand.



Eis Strategie gëtt de Prozesser hir Struktur. Mir suergen derfir, datt d'Prozesser sech dem Denken upassen. Sou kënne mir Iech fest Zousoen iwwer d'Delaien, d'Käschten an d'Qualitéit vun der Aarbecht ginn – an Dir kënnt Iech drop verloossen.

Egal wou Dir sidd: Dir stitt am Mëttelpunkt. Dir kritt e festen Uspriechpartner, deen Iech iwwer de ganze Projet begleet. Fir eis ass et wichteg, an engem fréie Stadium vum Projet Är Ziler a Wënsch ze kennen. D'Resultat dovun ass e Projet, deen exakt no Äre Besoinen op Mooss gemaach ass.