D’Residence Lyra huet nëmmen ee Mëttelpunkt: Iech.

Dat gëllt fir d’Appartement vu 65 Metercarré grad esou wéi fir d’Penthouse mat 253 Metercarré Wunnraum. D’Wunnenge vum Projet hunn nämlech all deeselwechte genetesche Code: D’Qualitéit vum Ganzen a bis an dee klengsten Detail.

D’Residence Lyra als Element vum Domaine Les Etoiles ass an hirer Basis-Ausféierung schonn esou komplett, datt Dir Iech ganz op déi besonnesch Finessë kënnt konzentréieren, déi aus eiser Wunneng Är Wunneng maachen.

Gräift roueg no de Stären an entwéckelt Är Idealvirstellung vun enger Dram-Wunneng. Mir realiséieren se no Äre Wënsch.

Uewen driwwer ass just nach den Himmel:_d’Penthouse.

Iwwer den Diech vun der Stad Lëtzebuerg genéisst Dir op 253 Metercarré dat schéint Gefill, dee richtege Kader fir e Stadliewe voll Inspiratioun fonnt ze hunn.

Vun Ärer Stadwunneng bis an Är Summerresidenz ass et just ee Schrack.

Apropos Himmel: Dëst Penthouse ass an engems en Open-Air-Event. Déi 124 Metercarré grouss Daachterrass ëmschléisst net nëmmen Är Wunneng, mä och eng 58 Metercarré grouss gréng Oas. Am Ganzen hutt Dir esou 182 Metercarré fir e komfortabelt Liewen dobaussen, gewëssermoossen eng grousszügeg Zweetwunneng an der Sonn als serieméissegen Accessoire vun Ärem Penthouse.

Biller