Mir stelle vir: Cetus, Vela, Pavo, Pyxis, Pictor a Lyra.

Déi sechs Residenze mat hiren architektoneschen Wiessel­bezéiunge wäerten d’Bild vun der Stäreplaz op eng markant Aart a Weis bestëmmen. Et ass also nëmme konsequent, wa jiddwer Gebai den Numm vun engem Stärebild kritt. Cetus ass e Wal, Vela e Segel, Pavo e Pohunn, Lyra eng Leier, Pictor e Moler a Pyxis e Kompass.

Zesumme repräsentéieren si d’Wunnen, d’Liewen an d’Schaffen – déi zentral Aspekter fir d’Bewunner vun enger Metropol mat internationalem Flair wéi Lëtzebuerg.

Staark Perséinlechkeete fir besonnesch Leit.

Eleng schonn d’Nimm maachen däitlech, datt et sech ëm en Ensembel vun ënnerschiddlechen a staarken individuelle Charakteren handelt.

Loosst Iech inspiréieren – wéi ee Stärebild passt zu Iech?

Lag