





D’Plaz mécht hirem Numm all Éier. Vun hei aus gi stärefërmeg déi wichtegst an interessantst Stroosse vun der Haaptstad an déi verschidden Himmelsrichtungen.
Dir wunnt um Schnëttpunkt vun der Avenue Emile Reuter, dem Boulevard Grande-Duchesse Charlotte, der Areler Strooss an der Rue Rollingergrund.

Direkt virun der Dier weist sech d’Stad mam Stater Park vun hirer schéinster Säit. E puer Schrëtt weider a scho sidd Der am Stadzentrum mat senge Butteker, Caféen, Bistroen an exzellente Restauranten.
Iwwer d’Rout Bréck kënnt Der direkt an d’Häerz vun Europa spadséieren: de Kierchbierg. Esou eng héich Konzentratioun vun europäeschen Institutioune fannt der wuel néierens um Kontinent. Hei huet och déi international Finanzwelt ee vun hiren Zentren.
Déi modern Tempele vun deene verschiddenste Konschtgenren sinn um Kierchbierg versammelt. Am Stammhaus vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg, der Philharmonie, trieden och Spëtzemuseker aus aller Welt op. 150 Meter weider leien de Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean an de Centre National Sportif et Culturel.
Ënner sengem impressionante Kuppeldaach gi Spëtzesport an kulturell Evenementer gebueden.
Vun der Stäreplaz bis bei d’Staren ass et just e kuerze Wee.
