



Dir decidéiert Iech fir d’Gréisst vun der Wunneng. D’Opdeelung bannena kënne mir no Äre Wënsch ausféieren.
Wat mir hei als Méiglechkeete weisen, ass just als Beispill oder Inspiratioun ze betruechten.

Den Domaine Les Etoiles bitt Iech de Choix tëscht Wunnenge vu ca. 65 Metercarré bis zum Penthouse mat 253 Metercarré. Wéi vill Zëmmer Dir gär hätt a wéi se geschnidde solle sinn, dat bestëmmt Dir.
Eis Beroder hëllefen Iech bei der optimaler Ëmsetzung vun Äre Virstellungen a mir realiséieren Är Dram-Wunneng.
