Sechs staark Charakteren.

D'Struktur vum Komplex entsprécht engem urbane Layout aus Stroossen a Plazen. Den U-fërmege Komplex ass zur Rue de Bitbourg hin op, sou datt ee vun do e Bléck op dee gefleegte Bausseberäich huet.

Déi renomméiert Architektegrupp Decker, Lammar & Associés huet déi an der Haaptsaach horizontal Optik duerch eng geziilt agesate vertikal Struktur vun de Gebaier rhythmesch opgedeelt. Doduerch entsteet e weidere formale Kontext tëscht den eenzelne Gebaier.

Intelligent Individuen.

All eenzelt Gebai kann och bannena ganz op d'Besoine vum Notzer ofgestëmmt ginn. Vum Groussraumbüro bis zum Eenzelraum ass op all Etage an an alle sechs Gebaier alles méiglech.

Mir hunn eise ganzen Knowhow am Beräich vun de Bürosimmobilien agesat, fir eng effizient an optimal Opdeelung vun der Fläch z'erreechen. Dat gëllt net nëmme fir den Terrain, ma och fir d'Flächen am Ganzen an d'Flächen an den eenzelne Gebaier.

All Metercarré gëtt intelligent genotzt a ka maximal zur Wäertschafung bäidroen.

D'Planung bitt praxisgerecht Léisunge bis an den Detail. Als Beispill: Mir hunn d'Zoufaart fir an d'Déifgaragen, déi eisen Erfarungen no staark benotzt ginn, esou déif geluecht, datt d'Raim am Rez-de-chaussée näischt vum Kaméidi an der Hektik virun de Fënstere matkréien.

Nohaltege wirtschaftlechen Erfolleg mat agebaut.

Dee besonnesche Layout vum ganze Komplex an och vun den eenzelne Gebaier gëtt Iech als Investisseur déi gréisstméiglech Flexibilitéit beim Verlounen. Egal a wéi eng Richtung sech de Maart an der Zukunft entwéckelt, Dir kënnt séier drop reagéieren.

Sou ass zum Beispill eng verännert Notzung ouni käschtenintensiv Ännerungen an der Bausubstanz méiglech. D'Gebaier sinn als technesch autonom Unitéiten ausgeluecht. Si hunn all eege Liften, Archivraimlechkeeten an en eegenen Zougang zu den Déifgaragen.

Dir kënnt dem Maart vun der Eenzeletage vun engem Gebai bis hin zum ganze Komplex mat senge 15.000 Metercarré eng breet gefächert Offer maachen an domat e maximale Rendement iwwer d'Liewensdauer vun der Immobilie erreechen.

Lag