D'Architektur verkierpert d'Iddi.

Duerch oppen Terrassen a Gäert kënnt et zu enger Symbios vu Liicht, de bloen Téin vum Himmel, de gréngen Nuancë vun der reizvoller Géigend an enger Innenarchitektur op héchstem Niveau.

Eng exklusiv Gaardelandschaft suergt derfir, datt sech de Wunngenoss och op där anerer Säit vun de groussflächege Fënstere fortsetzt.

E Genoss fir déi fënnef Sënner.

Nieft enger schéiner Vue bitt de private Park och Raum fir Entspanung an Erhuelung. Spadséiere goen, mat den Nopere poteren, an der frëscher Loft spillen – hei ass alles méiglech. Eng Plaz tëscht Blummen a Planze gouf als kommunikativen Zentrum vum Privat-Park konzipéiert. En ass iwwer e Wee a Spiralform z'erreechen, ouni Barrièren dertëscht.

D'natierlech Ëmgéigend vun der Residence ass grad esou attraktiv. Hei gëtt et vill Plaz fir all méiglech Fräizäitaktivitéiten. Iwwregens huet Genoss hei Traditioun. Um Terrain vun der Residence Agath war fréier de bekannte Restaurant Agath, deem seng Kichen de Michelin-Tester ee Stär wäert war.

Lag