



Eisen iwwer Joren entwéckelten, speziellen Knowhow an eis innovativ Planungsmethode bréngen Iech eemoleg Fräiheete bei der Gestaltung vun Ärem Wunnraum. Dir sich d'Gréisst vun der Wunneng eraus. Mir deelen de Wunnraum dann no Äre Virstellungen op.
Wat mir hei als Méiglechkeete vu Wunnengsopdeelunge weisen, sollt Dir duerfir just als Beispiller oder Inspiratioun betruechten.

Zur Wiel sti Wunnenge vu ca. 75 bis 115 Metercarré, Duplexwunnenge vun 80 bis 105 Metercarré oder e Penthouse-Duplex vun 290 Metercarré. Wéi vill Zëmmer Der gär doraus maacht a wéi se geschnidde sinn, dat bestëmmt Dir.
Eis Beroder hëllefen Iech bei der optimaler Ëmsetzung vun Äre Virstellungen, a mir realiséieren Är Dram-Wunneng.
