




Déi speziell Lag kann hir Virdeeler nëmmen dann och voll ausspillen, wann d'Wunnenge selwer laangfristeg de Bewunner hir Bedierfnesser reflektéieren. Mir bidden Iech hei maximal Fräiheeten, Är Wënsch ze verwierklechen.
D'Gréisste vun de Wunnenge gi vun 62 Metercarré bis 129 Metercarré.
Fir e besonnescht Wunngefill gëtt et déi zwee Penthaiser. Oppe Kamäiner suergen hei fir eng wonnerbar gemittlech Atmosphär. Vun hei aus hutt Der en herrleche Bléck direkt an e puer Himmelsrichtungen.
An eiser Beschreiwung fannt Dir keng festgeluechte Grondrësser. Dir kënnt selwer bestëmmen, wéi Är Wunneng soll agedeelt ginn. Dat nennt sech Individualitéit.
Eis Wunnimmobilien sinn an hirer Basis-Ausféierung schonn esou komplett, datt Dir Iech voll a ganz op déi vun Iech gewënschte besonnesch Detailer konzentréiere kënnt, déi aus eiser Wunneng Är Wunneng maachen. Dat nennt sech Budgetsécherheet.
