



De Romain Schmiz ass eng unerkannte Gréisst ënner de Lëtzebuerger Architekten. De Konzept vum Büro berout dorop, datt en e breede Spektrum un individuelle Wënsch fir déi eenzel Wunnenge kann erfëllen. Dat sinn och d'Viraussetzungen, fir datt Dir Iech an Ärem Doheem wierklech wuel fillt.
Et gëtt am Ganzen 19 Appartementer mat enger bis dräi Schlofkummeren, dorënner zwee Penthaiser. D'Orientéierung vun de Wunnengen a déi grouss Fënsterfläche loosse vill Luucht eran.
Architektur an Natur gi konsequent matenee kombinéiert. Doduerch entsteet e ganz besonnescht Wunnerliefnes wat duerch déi privat Gäert, grouss Terrassen a Balkonen an déi schéi Gréngfläche beim Haus nach ënnerstëtzt gëtt.
Déi strukturéiert Face aus héichwäertege Materialien an harmonesch, roueg Faarwen ënnersträiche scho vu baussen d'Qualitéit vun der Residence.
