



D'Residence läit direkt beim Bambësch. De Bësch suergt fir eng gutt Loft a wierkt berouegend op d'Gemitt.
Et vergësst ee bal, datt den Zentrum vun der Stad mat den ëffentleche Verkéiersmëttelen an nëmmen e puer Minutten z'erreechen ass.
Am Haus sinn 19 Autosparkplazen. Dir braucht Iech also keng Gedanken ze maachen, wouhi mat Ärem Won. Hei ass e sécher opgehuewen.
De Bambësch bitt méi wéi Gréngs a Beem. Am Bësch ass zum Beispill en Tennis-Zentrum, wou Dir Iech fit hale kënnt. Wander- a Vëlosweeër schafe weider Viraussetzunge fir e gesond, aktiivt Fräizäitliewen direkt virun der Hausdier.
Déi Zäit, wou Dir op dem Fitness-Parcours eppes fir Är Gesondheet maacht, kënnen d'Kanner sech op der Abenteuer-Spillplaz am Bësch ameséieren a matzen an der Stad d'Natur erforschen an erliewen.
D'Residence läit um Eck vun der Rue de Rollingergrund an der Rue Albert Unden. Domat huet ee vum Haus aus an zwou Richtungen eng schéi Vue op déi attraktiv Ëmgéigend.
Am Hannergrond hutt Dir déi eng Säit d'Häng vum Lampertsbierg mat hire ville Beem an déi aner Säit de Bambësch mat senge Wisen a Bëscher. Besonnesch déi zwee Penthaiser profitéiere vun dësem schéine Panorama.
