







D'Residence läit um nordwestleche Bord vu Beetebuerg. Vun hei aus huet een e Bléck iwwer eng gréng, idyllesch Landschaft an d'Uelzecht, wéi se duerch Felder a Wisen zitt. D'Gebai, dat d'Form vum Bauerenhaff behalen huet, integréiert sech perfekt an dëst Ëmfeld. Vis-à-vis läit d'Naturschutzgebitt „Am Streissel“.
Op der Plaz virum Haff stoung fréier déi al Kierch. Et däerf weder virun nach hannert der Residence gebaut ginn. Sou kann näischt Iech déi herrlech Vue huelen.
Et ass eng schéi Saach, wann een d'Virdeeler vum Liewen am Grénge mat der Proximitéit zu enger Metropol ka kombinéieren. Genee dat ass ee vun de besonnesche Virdeeler vun der Residence. Mam Auto sidd Dir an zéng bis fofzéng Minutten am Zentrum vun der Haaptstad. Mam Zuch dauert et knapps zéng Minutte bis op d'Gare.
Beetebuerg gehéiert zu de gréissere Gemengen zu Lëtzebuerg. D'Uertschaft bitt eng voll entwéckelt Infrastruktur mat Butteker, Schoulen a Spillschoulen. Zu Fouss ass een a fënnef Minutten am Zentrum. A mam Auto sidd Dir och séier beim nächste groussen Akafszenter.
Bis bei den Echangeur A3/A13 ass et och net wäit. Dir sidd direkt op de wichtegen Autobunnen.
Et fleegt een d'Noperschaft zu de Beetebuerger Leit, déi schonn ëmmer hei gelieft hunn, an deenen, déi sech an de leschte Jore fir dës schéi Wunnlag decidéiert hunn. D'Kanner fannen hei séier Frënn a wuessen an engem natierlechen Ëmfeld op, wou si sech fräi kënnen entfalen.
Ma och fir Leit, déi et eleng oder zu zwee gär e bësse méi roueg an entspaant hunn, ass Beetebuerg optimal.
