Wunnraum a ville Variatiounen.

D'Residence besteet aus aacht Wunnengen, engem Duplex an engem Haus. All eenzel Wunneng integréiert sech perfekt an den alen Haffkomplex a kritt schonn eleng doduerch en eenzegaartege Charakter.

Am historeschen Ëmfeld hu mer vill Plaz fir modern Wunnforme geschafen. Duerch de Loftcharakter vum Haus entsteet dee besonnesche Flair vun oppene Raim. D'Wunnengen um Rez-de-chaussée hunn all en eegenen Agank an e private Gäertche mat Terrass a Gaardenhaischen. Hei kënnt Dir den Ëmgank mat der Natur ongefiltert genéissen.

Unikater op Bestellung.

D'Wunnengen sinn tëscht 80 an 130 Metercarré grouss. Den Duplex bitt souguer 170 Metercarré an d'Haus 90. Domat ass awer elo just Äre Besoin u Plaz definéiert. Wéi Är Wunneng oder Äert Haus bannenan opgedeelt ass, dat decidéiert Dir.

Mir bidden Iech als besonnesche Service déi individuell Planung vun Ärer Wunneng als Unikat un – mat Ënnerstëtzung vun eisen Innenarchitekten oder mat Ärem eegenen Architekt.

Equipement