




Et gëtt kaum eppes, wat Iech esou no ass an Iech esou selbstverständlech ëmgëtt wéi Äert Doheem. Gläichzäiteg dréckt et och Är Perséinlechkeet no baussen aus, zum Beispill vis-à-vis vun Äre Gäscht.
Dat alles si gutt Grënn, fir sech déi néideg Méi ze maachen, wann et drëms geet, Materialien, Faarwen a Formen erauszesichen.
An der Residence Am Péitrusdall hutt Der vill Alternativen, awer nëmmen éischte Choix:
Héichwäerteg Plättercher vu Villeroy & Boch a Sanitärequipementer vu Kaldewei an Hansgrohe. Massive Bicheparquet an den Zëmmeren a wiederfest Terrassëbiedem aus Bangkirai-Holz an enger blénkeger Stolkonstruktioun.