Héich Uspréch beim Konzept, héich Uspréch_an der Ausféierung.

Fir d’Planung an den Entworf konnte mer ee vun de groussen Nimm ënner den Architekte gewannen: Christian Bauer & Associés Architectes. Fir Iech bedeit dat: Dir wunnt an engem Gebai, dat vun der Gréisst hier déi richteg Mëschung aus Intimitéit a Gemeinschaft bitt, an architektonesch absolut iwwerzeegt.

Aacht Appartementer bidden Iech Wunnfläche vun 72 bis 128 Metercarré. Zwou Wunnenge sinn als Duplex ausgeluecht an hunn zwou respektiv dräi Schlofkummeren.

Aacht Appartementer bidden Iech Wunnfläche vun 72 bis 128 Metercarré. Zwou Wunnenge sinn als Duplex ausgeluecht an hunn zwou respektiv dräi Schlofkummeren.

Wéi vill Liicht vu baussen erakënnt, dat reguléiert Dir mat elektresche Sonneschutzblende baussen op de Fënsteren.

Duerch den agebaute Parklift hutt Dir trotz der Lag matzen an der Stad eng sécher a komfortabel Plaz fir Ären Auto. E Lift, ganz am blénkege Stol, bréngt Iech direkt vun do an Är Wunneng.

Lag