




D’Residence "Am Péitrusdall" gëtt am Häerz vun der Stad, an der Rue des Etats-Unis 41, gebaut. Alles, wat Dir braucht, läit praktesch direkt ëm den Eck: Geschäfter, Schoulen, Spillschoulen – alles an der Noperschaft.
Dat kulturellt Liewe vun der Stad Lëtzebuerg mat Restauranten, Kinoen a villen aneren Attraktioune kënnt Dir scho bal spieren. Gläichzäiteg fannt Dir an dësem elegante Wunnvéierel eppes ganz Rares fir eng Stad: Rou.