De Kierchbierg – 360 Grad Inspiratioun.

De Kierchbierg ass iwwer d'Rout Bréck direkt mam Stadzentrum verbonnen. Hei steet alles, wat grouss ass a Kultur a Wirtschaft. An der Philharmonie, déi 2005 ageweit gouf, kënne Museksfrënn héichklasseg Concerte genéissen. De Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean, an der internationaler Konschtzeen als MUDAM berühmt, zitt Visiteuren aus dem In- an Ausland un. D'Coque ass dat gréisste Sport- a Kulturzentrum vum Land, den Utopolis de gréisste Kino an der Stad. Allebéid bidden si Ënnerhalung an Ofwiesslung op héchstem Niveau.

Als Famill mat Kanner hutt Der mat der Europäescher Schoul eng vun de beschte Bildungsinstitutiounen direkt virun der Dier.

Den Europäesche Geriichtshaff, de Rechnungshaff, d'Europäesch Investitiounsbank, d'Handelskammer, d'Europa-Parlament a aner Spëtzeninstitutiounen a Banken – si alleguer hu sech aus gudde Grënn fir dësen attraktive Site decidéiert.

Iwwer dem Kierchbierg läit e wierklech internationale Flair.

Wunnengsgréissten