Eis integréiert Planung gëtt Iech eng_ganz nei Flexibilitéit.

Eise speziellen Knowhow an eis innovativ Planungsmethode ginn Iech eemoleg Fräiheete bei der Andeelung vun Ärem Wunnraum. Dir decidéiert Iech fir d'Gréisst vun der Wunneng. Mir deelen de Wunnraum dann no Äre Virstellungen op. Wat mir hei als Méiglechkeete weisen, sollt Dir duerfir just als Beispill oder Inspiratioun betruechten.

Dir kaaft eng Wunneng, hutt awer ähnlech Fräiheeten, wéi wann Der en Architektenhaus géift plangen.

Dir hutt de Choix tëscht Wunnenge vu ca. 124 bis 142 Metercarré. Wéi vill Zëmmer Dir gär hätt a wéi se geschnidde sinn, dat bestëmmt Dir. Eis Beroder hëllefen Iech bei der optimaler Ëmsetzung vun Äre Virstellungen a mir realiséieren Är Dram-Wunneng.

Gréisste vu Wunnengen a Beispiller vun Isometrien, déi als Standbiller ofgeruff kënne ginn.

Impressiounen