









E Bléck an eis Referenze weist Iech, datt mir schonns Immobilie fir all Liewensberäicher mat Erfolleg entwéckelt a realiséiert hunn: Wunnen, Schaffen, Kultur, Sport, Justiz, ëffentlech Verwaltung, Hotellerie, Industrie asw. bis hin zur Entwécklung vu komplette Quartieren. De Kierchbierg als besonnesch dynamesche Staddeel ass a sengem Ausgesi staark vun eise Gebaier geprägt. Et ginn ënnerschiddlech Projeten an ënnerschiddlech Clienten - mä si alleguer profitéiere vun de Kärwäerter vun eisem Betreiungskonzept:
Qualitéit an Nohaltegkeet bei der Betreiung, Planung an Ausféierung. Déi integréiert Planung ass d'Basis fir den optimalen Oflaf an alle Bauphasen. Schonn d'Qualitéit vum Réibau däerf näischt ze wënschen iwwreg loossen, fir datt och all weider Aarbechte mat Zäit kënne fäerdeg ginn. Eis 50 eege gewerblech Mataarbechter stinn dobäi vun Ufank u fir Qualitéit.
Mat eis als Partner gëtt Äert Liewe méi einfach. E Budget, en Zäitplang, e Kontrakt – méi braucht Dir a mir net, fir zesummen e schlësselfäerdege Projet, dee prett ass fir de Betrib, ze realiséieren. De Projet besteet aus dräi Phasen:
01. D'Ausschaffe vun der technescher an der finanzieller Basis. Dobäi stinn Transparenz an den intensiven Austausch mam Client fir eis un éischter Plaz.
02. Déi schlësselfäerdeg Konstruktioun bis zur Miwwléierung an dem techneschen Equipement.
03. Vill Clienten notzen eis Partnerschaft och nom Eraplënnere fir en effiziente Facility-Management an Zesummenaarbecht mat dem eegenen Team.
Dir notzt eisen Immobilien-Knowhow, fir Är eege Mataarbechter z'entlaaschten. Véier bis fënnef Reuniounen an der Bauphas ginn no eiser Erfahrung duer, fir de Projet pénktlech an erfollegräich ofzeschléissen. Méi Zäit an Energie musst Dir als Client net investéieren. Dir kënnt Iech voll a ganz op Äert Kärgeschäft konzentréieren.
Fir eis heescht Erfolleg, datt Dir zefridde sidd! Well et ass Är Zefriddenheet, un där mir eisen Erfolleg moossen. Duerfir féiere mir eng intern Pre-Receptioun vun de Gebaier duerch, nach virun der Visite mat Iech, wou d'Gebai definitiv vun Iech ugeholl gëtt.
Eis Inspekteren sinn dobäi genee esou kritesch wéi Dir. Dat gëtt eis Zäit, fir eventuell nach nozebesseren, fir datt alles perfekt ass, wann Dir d'Gebai unhuelt. Dat erspuert Iech eng eventuell Lëscht vu Mängel an eng weider Préifung.
D'Liewensqualitéit vum Standuert hänkt dovun of, datt d'Leit, déi hei liewen a schaffen, qualitativ héichwäertege Wunnraum fannen. Duerfir gi mir eis déi allergréisste Méi beim Plangen a Realiséiere vun de Büros- a Wunnimmobilien.
Mir realiséieren Är Dreem vum Wunnen op Mooss, ob Dir Investisseur oder Notzer sidd. Mir kennen den Terrain wéi eis Boxentäsch a kënnen doduerch déi beschte Plazen an der Stad eraussichen. Eis innovativ Planungsmethoden erlaben et eis, jiddwer Client seng Wunneng op Mooss ze schneideren.
De Standard vum Equipement ass esou héich, datt knapps Wënsch op bleiwen, déi als Supplement missten agebaut a bezuelt ginn. Dir hutt vun Ufank un den Iwwerbléck an doduerch Sécherheet, wat d'Finanzéierung ugeet.
Aktuell Offeren:
