Den Europäesche Geriichtshaff – e Maarksteen_um Kierchbierg.

Zënter 1952 ass Lëtzebuerg de Sëtz vum Europäesche Geriichtshaff. Wat méi Staaten der Europäescher Unioun bäigetruede sinn, wat och méi Geriichtssäll a Büroe gebraucht si ginn. U gréisser Annexen am Zentrum vun der Stad war net ze denken. 1985 huet d'Chamber dunn endgülteg d'Weiche fir en neit Gebai baussent dem Zentrum gestallt. Mam Bau vum Europäesche Geriichtshaff gouf deen éischte grousse Maarksteen an der baulecher Entwécklung vum haut esou wichtege Verwaltungszentrum um Kierchbierg gesat. Deen éischte Spuet fir dës éischt Annex vum Geriichtshaff gouf de 25. Abrëll 1986 an de massive Fiels vum Kierchbierg gesat.

HOCHTIEF Luxembourg huet déi éischt Annex schlësselfäerdeg iwwerginn; de Réibau aus Beton armé ass an Eegeregie realiséiert ginn. Den Ausbau hu mir u renomméiert Fachbetriber aus Lëtzebuerg als Subentreprisë weiderginn. An enger partnerschaftlecher Zesummenaarbecht an ënner der Leedung vun HOCHTIEF Luxembourg konnte mir d'Gebai zum festgesaten Termäin fäerdegstellen an eis dobäi un déi geschate Käschten halen. Doropshi krut HOCHTIEF Luxembourg den Optrag fir déi schlësselfäerdeg Realisatioun vun den Annexe B an C vun dësem impressionnante Bauwierk.

D'Jurisprudenz vun Europa op zolittem Fundament.

D'Annex ass duerch zwéi Tunnellen, déi an de massive Fiels gebuert si ginn, mam Haaptgebai verbonnen. Een Tunnel ass fir d'Personal, deen zweete fir d'Serviceofwécklung bannent dem Komplex. An der dräistäckeger Déifgarage ginn et 900 Parkplazen. Duerch d'Agankshal mat hiren zweestäckege Galerien an de grousse Gäng hannendru kënnt de Visiteur zu deene villen ënnerschiddlech grousse Geriichtssäll. Am siwestäckegen Tuerm um westlechen Enn vum Grondstéck ass dee gréisste Sall ënnerbruecht, deen als Salle polyvalente fir besonnesch Evenementer genotzt gëtt. D'Agankshal verbënnt d'Gebaier vun anere wichtegen europäesche Verwaltungsgebaier vis-à-vis an der Rue du Fort Niedergrünewald.

Um Rez-de-chaussée vum Gebai gëtt et eng Dréckerei an e Restaurant mat 700 Plazen. D'Bürosraim gruppéiere sech op bis zu dräi Stäck ronderëm déi sechs grouss Bannenhäff. Déi architektonesch attraktiv Face ass mat héichwäertegem Granit verkleet.

Déi eenzel Deeler vum Gebai sinn iwwer verglaaste metalle Brécke matenee verbonnen, wat zousätzlech Akzenter am Zesummespill mat de massive Baukierpere setzt. Dat architektonescht Konzept vun den Annexen A, B an C vum Europäesche Geriichtshaff baséiert op dem Entworf vum Architektebüro Paczowski Fritsch & Associés.

Erfollegsgeschicht mat interessanter Fortsetzung.

Vun 1986 bis 1994 hu mer déi éischt dräi Annexe vum Europäesche Geriichtshaff schlësselfäerdeg realiséiert. 2004 krute mer den Optrag, dat ursprénglecht Gebai vum Europäesche Geriichtshaff, de "Palais", ofzerappen an op därselwechter Plaz de Réibau vum Kärgebai, mat Plenar- a Verhandlungssäll, wéi och d'Annex D, de "Rank" ronderëm, nei ze bauen. Dëse Rank besteet aus Bürosflächen op zwéin Niveauen, déi vu 14 Meter héije Portaler aus Walzprofiler gedroe ginn.

De Rank ass mam Kärgebai duerch verglaaste Brécken verbonnen. Virum Bau vum Palais an dem Rank huet HOCHTIEF Luxembourg eenzel Parkniveauen an deene verschiddene Fielsschichte vum Kierchbierg amenagéiert. De Projet huet en Opdragsvolume vu ca. 25 Milliounen Euro.

Pünktlech wéi geplangt konnte mir dem zoustännege Ministère am Mee 2006 knapp 250.000 Meterkibb Bauvolume mat enger Bruttofläch vu méi wéi 40.000 Metercarré iwwerginn.