En innovatiivt Symbol fir Sport a Kultur._De Sportzentrum.

De Centre National Sportif et Culturel, Lëtzebuerg
leet d'Lat héich am Beräich vun den Evenementsimmobilien. Déi geschwonge Kuppelen aus Holzläimbënner, Glas a Koffer hu banne keng Stäipen. Doduerch ass eng vun de gréisste fräi gedroenen Halen entstan, déi duerch déi weit Kuppel e futuristeschen Touch kritt. Den Entworf staamt vum Paräisser Star-Architekt Roger Taillibert. HOCHTIEF Luxembourg war verantwortlech fir de Réibau, d'Fassaden, d'Tribünen an d'Daachkonstruktioun, huet d'Déifgarage mat

de 47 Parkplazen an d'Verbindung zur olympescher Schwämm gebaut, déi schonn an den achtzeger Jore vun HOCHTIEF Luxembourg realiséiert gi war. En onerwaarten Ambiente: Baulech Detailer loossen de Visiteur op all Eck eppes Neies entdecken a bewonneren. Geschwonge Wänn aus Parquet wiessele sech of mat héichwäertege Flächen aus Sichtbëtong, Edelstol a Glas. Dieren an Iwwergäng sinn an hellem Rout a Giel gehalen. Den ideale Kader fir déi verschiddenst Sport- a Kulturevenementer.

Gitt méi gewuer.