Mat enger Kapazitéit vun 8.000 Plazen ergänzt de Centre National Sportif et Culturel um Kierchbierg de Beräich vun den Immobilie fir Manifestatiounen, woubäi déi modular Bauweis ënner dem Kuppeldaach Raum fir déi verschiddenst Notzungsméiglechkeete bitt. D'Haaptfläch mat sechs 200-Meter-Bunnen eegent sech fir international Liichtathletikcompetitiounen, déi "kleng" Niewefläch mat 1.000 Plazen op der Tribün huet eng Fläch vu 45 mol 27 Meter. Eng Judosporthal, eng Boxsporthal, eng Dëschtennishal, e Raum fir Gewiichthiewer, e Kraaftraum an e Schwammbaséng, fir sech opzewiermen, vervollstännegen dat Ganzt. Kabinne fir sech un- an auszedoen a Service-Beräicher, Cateringsunitéiten an d'Tribün fir d'Press ginn internationale Standarde gerecht. Zousätzlech ginn et 31 Zëmmeren, fir datt Gäscht an Athleten hei iwwernuechte kënnen.
Déi fräi gehalen Daachkonstruktioun aus Holzläimbënner huet eng Portée vu bis zu 95 Meter an ass domat eenzegaarteg an hirer Aart. Duerfir hu bei dësem exigenten Ingenieursbau d'Schnëttplazen tëscht der Daach- an der Fassadekonstruktioun genee missen openeen ofgestëmmt ginn. Ënner der Regie vun HOCHTIEF Luxembourg goufen d'Kompetenze vun eise Partnerfirme maximal ausgenotzt. Nëmmen esou konnten déi héich Uspréch, wat d'Präzisioun bei der Ausféierung betrëfft, erfëllt ginn.
Am Kader vun de Bauaarbechten hu mir 150.000 Meterkibb Fiels a Buedem beweegt an 38.000 Meterkibb Bëtong verbaut. Riseg Drocklager droen d'Laascht vun de 95 Meter wäit gespaanten Randträger.
