
CIPA Dudelange, Luxembourg
An der Rue Pierre Dupong zu Diddeleng hu mir e modernt Altersheem realiséiert. Mir hunn dat ursprénglecht Gebai, dat a staatlecher Hand war a vun de Franziskanerinne geleet gouf, an e puer Etappen ausgebaut a moderniséiert. Déi zweet Bauphas war 2009 ofgeschloss. D'Senioreresidenz läit direkt beim Park Léi. Ronderëm d'Gebai hu mir ausserdeem en eegene Park ugeluecht, deen engem richteg Loscht mécht, dra spadséieren ze goen.
Dat dräistäckegt Gebai besteet aus zwéi Fligelen, déi mat engem gliesenen Atrium verbonne sinn. Vun hei aus hunn d'Bewunner eng herrlech Vue op d'Stad Diddeleng. D'Agankshal ass dräi Stäck héich. Hei ass d'Rezeptioun ënnerbruecht, eng Bar an en Zeitungsbuttek. Hei treffen sech och d'Senioren, wa se net grad ee vun de ville Servicer, déi d'Haus bitt, notzen.