Vill Raum fir Liewensqualitéit.

Fir d'Bewunner vun den 156 Zëmmere gëtt eng breet Palette u Service-Ariichtungen zur Verfügung gestallt. Et ginn zum Beispill aacht Raim fir Dokteschvisitten, Massagen a speziell Buedméiglechkeeten, e Coiffer, e Liesraum an eng Kapell. Fir d'Iesse versammele sech d'Senioren am grousse Restaurant, fir deen eng Kachfirma responsabel ass. Fir dee klengen Honger tëschenduerch gëtt et e Kiosk an der Kantin. Ausserdeem ginn et nach zwéi weider Raim, wou sech d'Bewunner kënnen ophalen.

D'Gebai steet op 182 Bëtongspilieren a gouf an zwéin Deeler gebaut, déi duerch d'Agankshal matenee verbonne sinn. Den Daach besteet aus enger zweefach geschwongener Bëtongsdall. De Réibau besteht aus um Schantje gegossenem Bëtong a Mauerwierk.

Et war keng einfach Baulogistik, well d'Altersheem huet missen a Betrib gehale ginn. Sou huet d'éischt een Deel vum Neibau misse fäerdeggestallt ginn, an deen d'Bewunner vum alen Deel erageplënnert sinn. Den zweeten Deel vum Gebai konnt eréischt gebaut ginn, nodeems dat aalt Gebai ofgerappt war.

CIPA-Dudelange, Luxembourg
  • Generalentreprener: HOCHTIEF Luxembourg S.A.
  • Bauhär: Administration des Bâtiments Publics
  • Stäck a Flächen: zwee Gebaier mat all Kéier dräi Stäck
  • Volume vum Optrag: 9 Mio. Euro
  • Bruttofläch vum Gebai: 24.117 m²
  • Zäitraum vun den Aarbechten: November 2003 bis Dezember 2009

 

Wëllt Dir méi iwwer dëse Projet wëssen?
Kontaktéiert eis.