
STO-Silent-Akustikplafonge suerge fir e komfortable Geräischniveau an de Klassesäll a Gäng. Och de Linoleumbuedem an de Klassesäll dréit säin Deel dozou bäi. An de Gäng an Toilette goufen héichwäerteg Plättercher geluecht.
Bei de Schräineraarbechten am Gebai goufen héichwäerteg, faarweg Schichtstoffplacken agesat, déi eng frëndlech Atmosphär schafen.
