


Schonn Enn vun de 70er Joren huet de Staat Lëtzebuerg geplangt, eng Méiglechkeet ze schafen, wou jonk Museker kéinten optrieden. Mä eréischt am Mäerz 2003 huet sech de Projet konkretiséiert an de Bau vun enger Rockhal zu Esch gouf decidéiert.
D'Rockhal ass ee vu ville staatlechen a kommunale Projeten, déi d'Kulturzeen zu Lëtzebuerg entwécklen an ënnerstëtzen.