

Schonn den Numm léisst op dat héichmodernt Konzept an Equipement vum 21st Century Building schléissen. Eng flott Face, flexibel Grondrësser, séier Dateleitungen an eng gutt Verkéierslag droen zur Attraktivitéit vun dësem Bürosgebai bäi. Den Entworf staamt vum Lëtzebuerger Architektebüro Cavallini.
2002 ass dës usprochsvoll Immobilie vun HOCHTIEF Luxembourg an Zesummenaarbecht mat Wagner & Fils färdeggestallt ginn. HOCHTIEF Luxembourg war selwer esou begeeschtert vun der Qualitéit vum Gebai, datt d'Entreprise ee Stack fir sech reservéiert huet.