Weltkonzern ënner neiem Daach.

Arcelor, Lëtzebuerg
Fir dee weltwäit gréisste Stolkonzern mat Sëtz zu Lëtzebuerg hu mer e Bürosgebai komplett renovéiert a moderniséiert. Fir d'Bürosgebai an der Avenue de la Liberté war eng allgemeng technesch a baulech Renovéierung dréngend noutwenneg. Et war eng besonnesch logistesch Erausfuerderung, d'Aarbechten all nom Just-in-time-Verfahren auszeféieren. De Grond heifir war deen, datt d'Gebai matzen an der Stad läit an et an direkter Noperschaft keng Méiglechkeet gouf, fir Baumaterialien ze lageren.

All eenzel Deel huet genee da misse geliwwert ginn, wann e fir d'Aarbechte gebraucht gouf. Dëse Procedere ass aus der Automobilsbranche mat hire standardiséierte Produktiounsprozesser bekannt. Déi wéineg Plaz am Kär vun der Stad an dee komplexe Bauprojet mat deenen ënnerschiddlechsten Aarbechten hunn enorm Ufuerderungen un d'Planung gestallt. Déi gréisste Präzisioun war hei gefrot, fir datt alles sollt funktionéieren. No enger Bauzäit vu 16 Méint waren d'Aarbechten ofgeschloss.

Gitt méi gewuer.