Bessert Klima an nei Spannung.

Am Ganzen hu mir 1.120 Metercarré Bürosgebai moderniséiert. Virun allem den Daach huet misse komplett renovéiert ginn. Déi éischt Klimaanlag gouf ënner dem Daach installéiert. Deen ale Plafong aus hëlze Käffere konnt dëst Gewiicht awer net droen. Esou hu mir eng speziell Stolkonstruktioun fir iwwer d'Käfferen entwéckelt, déi di ganz Laascht sollt droen. D'Klimatiséierung vun de Büroe funktionéiert iwwer Ventilo-Konvekteren, déi d'Raim am Wanter hëtzen an am Summer killen. Iwwer déi al Heizungsréier ginn d'Konvektere mat kalem respektiv waarmem Waasser versuergt. Iwwer de falsche Plafongen an de Gäng goufen d'Frëschloft-Leitunge fir déi eenzel Büroen ubruecht.

De Parquet aus Eechenholz schaaft eng agreabel Atmosphär. D'Wänn si mat Glasfaser tapezéiert.

Artemis, Luxembourg
  • Generalentreprener: HOCHTIEF Luxembourg S.A.
  • Bauhär: Arcelor-Mittal
  • Stäck a Flächen: 3 Bürosetagen, 1 Kellerniveau
  • Bruttofläch vum Gebai: 1.120 m²
  • Zäitraum vun den Aarbechten: Juli 2004 bis November 2005

 

Wëllt Dir méi iwwer dëse Projet wëssen?
Kontaktéiert eis.