Dat fënnefstäckegt Gebai gëtt iwwer eng Agankshal erschloss, déi an zwéi Beräicher opgedeelt ass: ee fir d'Personal an ee fir d'Clienten. D'Bürosflächen hunn duebel Biedem a falsch Plafongen. An den Tëscheraim am Buedem an um Plafong ass d'Technik ënnerbruecht: Lëftung, Stroumversuergung, Dateleitungen an aner Installatiounen. Well d'Funktiounen all iwwerall zougänglech sinn, kënnen d'Bürosraim am Open-Space-Verfahre genotzt ginn. Am Prinzip kann all Fläch individuell genotzt an op eng einfach Aart a Weis modifizéiert ginn.
De Buedem ass e Mix aus Natursteen an Tapis plein. D'Wänn sinn entweder ugestrach oder mat Glasfaser tapezéiert.
D'Gebai huet dräi Kellerniveaue mat 160 Parkplazen, Technikraim, Archiven an engem Safe. D'Garagenzoufaart deelt sech d'Banque Populaire mam Nopeschgebai, der State Street Bank, déi mir och gebaut hunn.
