
Hotel Melia, Lëtzebuerg
Vill wichteg Institutiounen an Entreprisë residéieren um Kierchbierg. Den Hotel Melia ass de passenden Domizil fir Är Gäscht. Ënner de villen impressionnante Gebaier um Kierchbierg setzt den Hotel Melia an der Rue de Fort Thüngen staark Akzenter a moderner Sachlechkeet.
Hannert der streng-eleganter Face bitt den Hotel modernste Confort a sengen 160 Zëmmeren, enger Suite, zwéi Restauranten an zwéi Konferenzraim.
Vun hei aus ass net nëmmen all Eck vum Kierchbierg, mä och de Stadzentrum an e puer Minutten z'erreechen.