Wat direkt an d'A fält am fënnefstäckege Bauwierk ass déi 250 Meter laang Galerie, déi vun enger eenzegaarteger Zelt- a Glaskonstruktioun iwwerdaacht gëtt. Kleng a grouss Geschäfter, Caféen a Restauranten hu sech hei op iwwer 39.000 Metercarré néiergelooss a lackele Visiteuren a Clienten aus Lëtzebuerg, Frankräich, Däitschland an der Belsch un. De Choix u Wueren an Déngschtleeschtunge sicht sengesgläichen zu Lëtzebuerg. Dräi ënnerierdesch Parkniveaue bidde Plaz fir iwwer 3.000 Autoen.
E wichtegen an impressionnanten Deel vum Stadtteilzentrum sinn déi héichwäerteg Bürosraim, déi iwwer 63.000 Metercarré anhuelen. Haaptnotzer ass d'Europäesch Kommissioun, déi sech hei e verkéiersgënschtege Site fir en Deel vun hire Servicer erausgesicht huet. D'Wierkung vum Stadtteilzentrum Kirchberg als Magnéit fir weider Entwécklunge vu Projeten an der direkter Noperschaft ënnersträicht den Erfolleg vun dësem Projetentwécklung.
Ouni iwwerdreiwen ze wëllen, kann ee festhalen, datt d'Stad Lëtzebuerg an de Kierchbierg duerch de Bau vum Stadtteilzentrum ëm eng Attraktioun méi räich gi sinn.
