Am Gebai, an deem 750 Fondsmanager schaffen, ass e modernt Rechenzentrum ënnerbruecht, dat 24 Stonnen den Dag a Betrib ass. Fir all d'Servicer gëllen héchst Sécherheetsstandarden, fir engersäits déi voll Funktiounsfäegkeet vun den techneschen Anlage permanent kënnen ze garantéieren an anerersäits den Zougang vun net autoriséierte Persounen ënner allen Ëmstänn z'evitéieren.
HOCHTIEF Luxembourg huet de Réibau ausgefouert. Seng Stolverbundbauweis huet Bürosetagen mat grousse Spannweiten erméiglecht, déi dem Notzer eng maximal Flexibilitéit an der Raumopdeelung ginn. Duebel Biedem a falsch Plafonge verstoppen déi opwänneg Verkabelung; héichwäertegen Equipement a modernst Technik schafen en agreabelt Aarbechtsklima, erhéijen déi effektiv Notzbarkeet vun de Raimlechkeeten a reduzéieren net zulescht d'Betribskäschten op e Minimum. Well vill Mataarbechter vun der Bank mam Auto schaffe kommen, sinn ënnerierdesch 375 Parkplazen amenagéiert ginn.
Schonn ier déi éischt Bauphas ofgeschloss war, huet sech de Client zefridde mam Resultat gewisen. Déi partnerschaftlech Zesummenaarbecht huet hir Friichte gedroen an HOCHTIEF Luxembourg krut den Optrag fir d'Entwécklung an déi schlësselfäerdeg Realisatioun vun der zweeter Bauphas.
