

Residence Artemis, Lëtzebuerg
Den Artemis léisst d'Wunnen am urbane Raum an engem neie Liicht erschéngen. D'Residence mat 28 Wunnengen, dovu sechs Studioen an aacht Maisonette-Wunnengen, gëtt an der Rue Joseph Leydenbach gebaut. Den Terrain gouf am Kader vun engem vum Fond d´Urbanisation et d´Aménagement du Kirchberg initiéierte Concours fir Investisseure/Architekte verginn. Bewäert goufen nieft der Architektur och wirtschaftlech Kriterien. HOCHTIEF Luxembourg huet zesumme mam Architektebüro Georges Reuter e Konzept ausgeschafft, dat vun de 16 Projeten, déi agereecht goufen, déi meeschte Punkte krut a sech domat déi éischte Plaz op dem Grondstéck geséchert huet.
Domat realiséiert HOCHTIEF Luxembourg no der scho fäerdeger Residence Park Avenue deen zweete Projet am Beräich vun de Wunnimmobilien am Quartier Gréngewald.
D'Gebai verwinnt net nëmmen d'Leit, déi dra wunnen, et setzt och markant Akzenter am Stadbild vu Lëtzebuerg. Dat modernt Gebai mat senge ville Glasfläche stécht engem direkt an d'A. Transparenz a Liicht waren d'Kriterien, no deenen d'Residence Artemis gebaut sollt ginn. A genee dat spigelt sech och an der Opdeelung vum Gebai erëm. Den Architekt huet an der Face an tëscht deenen eenzelnen Deeler vum Gebai Duerchbréch esou platzéiert, datt si wéi Agankspaarte fir d'Dagesliicht fonctionnéieren.