Éischtklasseg Architektur virun enger éischtklasseger_Kuliss. Residence Am Sauerdall.

Residence Am Sauerdall
D'Wunnanlag Am Sauerdall läit ideal an enger gemittlecher Uertschaft um Bord vun der Sauer, tëscht de grénge Koppe vun Haardt, Goldknapp, Seitert an Härebierg. Eng groussaarteg natierlech Kuliss wéi duer gemoolt.

D'Wunnanlag Am Sauerdall läit awer och no beim Stadkär an ass gutt un den ëffentleche Verkéier ugebonnen.

Hei profitéiert een also vun de Virdeeler, datt een net wäit vum Zentrum ass, genéisst gläichzäiteg awer och eng schéin Natur. Gebaut gouf mat éischtklassegem Material. D'Isolatiounstechnik ass d'Resultat vun intensive Studien a soll en optimale Confort garantéieren. D'Wunnanlag Am Sauerdall baséiert op deem gutt ausgeschaffte Konzept vun den Architekte Christian Bauer & Partner, engem renomméierten Architektebüro zu Lëtzebuerg.

Gitt méi gewuer.