Duerchduechte Schéinheet, déi ni langweileg gëtt.

De Confort vun der Wunnanlag Am Sauerdall léisst keng Wënsch op. D'Gebai besteet aus engem Rez-de-chaussée plus dräi Stäck an huet am Ganzen aacht Wunnenge mat enger, zwou oder dräi Schlofkummeren. Déi zwou Maisonette-Wunnenge ginn iwwer den drëtten a véierte Stack. D'Wunnenge sinn tëscht 70 an 110 m² grouss.

D'Sonneschutzsystem vum Gebai besteet aus hëlze Lueden, déi sech op Schinne beweege loossen. Doduerch ergëtt sech e liewegt Bild op der südlecher Face. An den Openthaltsraim – Living a Salle-à-manger – gouf fir de gréisssere Confort eng Buedemheizung agebaut. An deenen aneren Zëmmeren hänke klassesch Heizkierper. Dës Detailer maachen däitlech, mat wéi engem Soin hei alles geplangt gouf. Awer och déi praktesch Aspekter sinn net vernoléissegt ginn. De Lift zum Beispill ass speziell fir behënnert Leit konzipéiert ginn a fir Rollstill zugänglech.

D'Wunnanlag Am Sauerdall ass ouni Zweiwel e qualitativ héichwäertegt Gebai an dee ganzen Equipement, op dee bei der Planung Wäert geluecht ginn ass, ass e Beispill duerfir, wéi éiergäizeg dru geschafft gouf, fir dem Gebai en aussergewéinleche Charakter ze ginn.

Die Résidence "Am Sauerdall", Luxembourg
  • Entwécklung, Verkaf, Realiséierung: HOCHTIEF Luxembourg S.A.
  • Architekt: CBA Christian Bauer & Associés Architectes S.A.
  • Stäck a Flächen: 8 Wunnengen, 8 Parkplazen an der Déifgarage,
    1.503 m² BGF (Bruttogeschossfläche), 4.262m³ BRI (Bruttorauminhalt)
  • Zäitraum vun den Aarbechten: 2005-2006

Wëllt Dir méi iwwer dëse Projet wëssen?
Kontaktéiert eis.