Schonn am Aganksberäich op der viischter Säit loosse grouss dimensionéiert Glasfläche vill Liicht erafléissen. De gliesene Lift hëlt d'Motiv vun der Transparenz erëm op. Natierlecht Liicht kann esou bis an de Kär vun der Residence duerchdréngen a suergt fir en hellen an agreablen Ambiente. Wann et däischter gëtt, dann dréngt d'Liicht duerch d'Glasfläche vu bannen no baussen. Doduerch entsteet eng interessant Struktur an der Face an den Artemis gëtt zu engem helle Maarksteen am urbanen Ëmfeld.
Déi ënnerierdesch Parkplazen si mat de Liften oder iwwer d'Trapen direkt z'erreechen. Och hei dominéiert en hellen, frëndlechen Ambiente an et herrscht keng däischter Kelleratmosphär.
D'Duplex-Wunnengen sinn iwwer zwee Niveauen ausgeluecht an hunn eng privat Terrass. Bei de Wunnengen um Rez-de-chaussée ass all Kéier e Gaart dobäi, dee privat genotzt ka ginn. D'Loggiae verdeelen sech iwwer zwéi Stäck op der Süd-Ost- an de Giewelsäiten a ginn dem Gebai en eenzegaartegen, onverwiesselbare Cachet.
