
Residence Bommelbierg, Lëtzebuerg
D'Residence Bommelbierg notzt a schützt d'Natur. De Val Fleuri ass mat senger natierlecher Schéinheet sou no beim Stadkär e richtege Bijou. Liewen a Wunnen op héijem Niveau, wat de Confort ugeet, ass hei nëmmen ze vertrieden, wann een dobäi och d'Natur respektéiert. Hei kënnen d'Bewunner déi reizvoll Landschaft genéissen a sinn dach nëmme véier Autosminutte vun der Stad ewech. Och den ëffentlechen Transport hält direkt an der Noperschaft.
D'Autobunn A6 a wichteg Lëtzebuerger Verkéiersodere wéi d'Areler Strooss an d'Rue de Rollingergrund si bannent Minutten z'erreechen. E markant landschaftlecht Element ass de „Bommelbierg“ mat senge géie Kallekfielsen, deen dem Projet den Numm ginn huet.
Mat modernster Technik, engem energieeffizienten integrale Konzept an edlem Materialmix bréngt d'Residence héchste Wunnconfort an urbaant Liewe mat der Natur an Aklank.