D'Residence Bommelbierg ass konsequent ökologesch an ökonomesch optiméiert. Déi meeschten Energie bei engem Wunnhaus gëtt fir Heizung a waarmt Waasser gebraucht. Eng ultramodern Solaranlag liwwert hei déi néideg Energie. Nëmme bei besonnesch schlechte Wiederbedingunge spréngt eng héicheffizient Gas-Brennwäert-Kesselanlag als Sekundärversuergung an. Dëst Energiekonzept gëtt eréischt méiglech duerch den Asaz vu moderne Vakuumréier-Kollekteren.
D'Gebai geet ganz ökonomesch mat Energie a Raum ëm. D'Heiz- a Sanitärzentral ass ënner dem Daach installéiert, woduerch manner Gainen hu misse verluecht ginn. Manner Plaz fir d'Technik heescht méi Plaz fir ze wunnen. Eng speziell Schallisolatioun am Allgemenge respektiv fir eenzel Zëmmere schaaft eng agreabel roueg Wunnathmosphär. Aus eenzelne Raim ginn Insele vun der Rou, déi sech zum Beispill als Kannerzëmmer oder Büro gutt eegenen. D'Residence Bommelbierg ass wat Technik, Architektur a Materialien ugeet einfach „state-of-the-art“.
