Le Mercure mécht dat Besonnescht alldeeglech.

D'Residence Le Mercure ass eng Aarbecht vum Architektebüro Marc Gubbini Architectes.

Hei ass éischtklassegt Baumaterial verschafft ginn. D'Fënsterrummen aus abrennlackéiertem Aluminium mat thermesch getrennte Profiler sinn heifir en eendeitegt Beispill. Dat eenzegaartegt architektonescht Konzept vun der Residence Le Mercure mécht aus hir en aussergewéinlecht Gebai op engem aussergewéinleche Site.

D'Flächen um Rez-de-chaussée eegnen sech wonnerbar als Praxis oder Büroe fir Dokteren, Affekoten, Steierberoder, Versécherungen oder den Eenzelhandel.

Mëtt 2008 ass HOCHTIEF Luxembourg an de Rez-de-chaussée vu Le Mercure erageplënnert.

Die Résidence "Le Mercure", Luxembourg
  • Bauhär: CT S.A.
  • Architekt: Marc Gubbini Architectes
  • Haaptleeschtungen: Schlësselfäerdeg Realiséierung vum Projet
  • Stäck a Flächen: 3.192,85 m² Wunnfläch, 61 Parkplazen,
    1.761 m² Gewerbefläch
  • Zäitraum vun den Aarbechten: Mäerz 2004 – Mäerz 2006

Wëllt Dir méi iwwer dëse Projet wëssen?
Kontaktéiert eis.