Urban Wunnkultur mat ville Gesiichter.

Residence Park-Avenue, Lëtzebuerg
D'Residence Park-Avenue presentéiert all Dag nei Facetten. Mat hire 26 Wunnenge setzt si en architektoneschen Highlight um Kierchbierg. Dozou dréit déi markant Holzfassad dee gréissten Deel bäi. Vill Fënstere loosse vill Liicht an d'Wunnengen; gläichzäiteg erlabe Lueden op der Ost-, Süd- a Westsäit e gudde Schutz virun der Sonn. Si kënnen esou hin- an hiergeréckelt ginn, datt bis zu 100% vun de Fënsterflächen am Schiet leien. Dës Technik léisst sech einfach an individuell steieren a suergt gläichzäiteg fir eng variabel Fassadenoptik.

D'Gebai läit an der Rue Charles Bernhoeft, enger zentraler Lag um Kierchbierg. Den Akafszentrum Auchan, de Kino Utopolis – alles ass zu Fouss an e puer Minutten z'erreechen. Dat gëllt och fir den ëffentlechen Transport, deen ee séier an d'Stad bréngt.

Gitt méi gewuer.