Vill Ofwiesslung am Gebai.

Vun der grousser Maisonette-Wunneng bis zum Appartement si verschidde Wunnengskonzepter am Gebai realiséiert ginn. D'Wunnengen um Rez-de-chaussée hunn eng Terrass mat engem private Gäertchen hannendrun. Op déi eenzel Stäck kënnt een iwwer schallentkoppelt Trapen an e Lift. Eng Loggia féiert zu deenen eenzelne Wunnengen.

An der Déifgarage hu 34 Autoe Plaz.

D'Materialwelt hält sech un en homogene Konzept, dat op Holz an Naturtéin setzt. D'Loggiaen si mat wiederbestännegem Bankirai-Holz ausgeluecht. Den Handlaf vun de Gelänneren am Trapenhaus an an de Loggiaen ass aus massivem Holz. D'stolen Elementer vun de Gelänneren a Loggiaen si polverbeschicht. Och bei den Zëmmerdieren dominéiert Edelholz. Dës besonnesch Interpretatioun vun urbanem Wunnen an héichwäerteger Qualitéit ass um Maart exzellent opgeholl ginn.

Residence Grünewald, Luxembourg
  • Entwécklung, Verkaf, Realiséierung: HOCHTIEF Luxembourg S.A.
  • Architekt: Hermann & Valentiny et Associés
  • Stäck a Flächen: 26 Wunnunitéiten op fënnef Stäck
  • Parkplazen: 34 Parkplazen an der Déifgarage
  • Bruttofläch Etagen: 4.635m²

Wëllt Dir méi iwwer dëse Projet wëssen?
Kontaktéiert eis.