Architektur a Wunnen op Top-Niveau.

Residence Val Fleuri, Lëtzebuerg
Nei Ästhetik am Blummendall. De Val Fleuri hält als Wunnlag, wat dee schéinen Numm versprécht. Mam Auto brauch een nëmme véier Minutte bis an d'Stad, an nawell wunnt een hei an enger gewuessener Landschaft. Och mat ëffentleche Verkéiersmëttelen ass ee vun hei séier an der Stad, well de Bus hält direkt an der Noperschaft. Et ass een och direkt op den Autobunnen an Nationalstroossen. Bis op d'A6 sinn et fënnef Minutten. D'Areler Strooss an d'Rue de Rollingergrund leien direkt nobäi.

De Blummendall erstreckt sech vun Osten no Westen. De Bommelbierg am Norde mat senge géie Fielsen aus Kalleksteen ass wuel dat markantst Element am Landschaftsbild. Beim Entworf vun der Face huet een sech vun dëser Kopp inspiréiere gelooss. Eng interessant Zesummesetzung vu Material a Faarwen an héichwäerteg Detailer bewierken, datt d'Residence en exklusiven Akzent am Blummendall setzt.

Gitt méi gewuer.